Changer en langue française Sprache auf Deutsch umstellen
Menu

Ferny


Ferny_Neu.jpg71 Joer

Ech schwätze Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.

Interventiounsplazen:
Am Kannerservice vun Omega 90: beim Projet „Omega mécht Schoul" an am Kannertrauergrupp „Reebou". Ech sinn  och Member vun der Chorale am Haus Omega.


Virwat ech gäre Bénévole sinn:
Ech hu wärend 12 Joer, vun 2002 bis 2014, beruflech bei Omega 90 an der Begleedung vun trauernde Kanner, Jugendlechen an hire Familje geschafft. Och an der Pensioun hunn ech mäi grousst Kannerhäerz net verluer an ech setze mech gäre privat a bénévole fir Kanner an. Bénévole maachen ech dest am Kannerservice vun Omega 90, souwuel präventiv am Projet „Omega mécht Schoul", ewéi och am „Reebougrupp" mat betraffene Kanner, déi an hirer Trauer Begleedung brauchen.

Et beréiert mech ëmmer erëm fir mat de Kanner, déi jo wëssen a verstoe wëllen, iwwer déi sensibel Themen Dout an Trauer ze schwätzen, si ze orientéieren an hinnen ze hëllefen. Déi allermeeschte Kanner versti ganz gutt, dass den Dout zum Liewe gehéiert. Si kënne sech oppen an onbefaangen iwwer dës wesentlech Themen ënnerhalen.

Wat ech soss nach gär maachen am Liewen:
Kachen, baken, liesen, schwamme goen, sangen, laachen, an de Bësch spazéiere goen, friem Géigenden entdecken, schreiwen, mat Famill a Frënn Zäit verbréngen.

Ferny_Enkel_Neu.jpgWat mech frou mécht:
Wann ech gutt Ideeën hunn an déi och kann ëmsetzen. Ech hu vill Wëssen an engem Tabuthema an hunn a menger Pensioun e Buch geschriwwen, dat sech u Kanner an un all déi, déi sech mat Kanner ofginn riicht mam Titel: „Ich möchte nicht mehr so traurig sein“. Dest Buch ass vu menger Frëndin, der Psychologin an Iwwersetzerin Marie-Claire Pull op franséisch iwwersat ginn an heescht: „Je voudrais ne plus être aussi triste“.

Frou mécht mech awer och wann ech meng Enkelkanner gesinn eropwuessen a mat hinne kann zesumme sinn.