Changer en langue française Sprache auf Deutsch umstellen
Menu

Annette


Annette_1.jpg54 Joer

Schwätzt lëtzebuergesch, däitsch, franséisch an engleschBenevole säit 5 Joer, fir d‘éischt an der Zithaklinik an duerno am Haus Omega, hält am Tandem mat de Professionellen aus dem Service Formation, Course fir d’Bierger zum Thema Liewensenn.




Ech si gär Benevole bei Omega 90,
- well ech gär mat Leit zesumme sinn,
- well ech weess wéi séier een sech als Kranken oder als Famill vun engem Kranken (wat ech och eemol war) eleng an isoléiert fillt well all deenen anere Leit hiert Liewen an der Normalitéit weidergeet wärend dat eegent Liewen an eng ganz nei Richtung geet,
- well ech wëll probéieren als net Professionellen, duerch mäin Do-Sinn a Nolauschteren eng Verbindung zu der Gesellschaft ze sinn,
- well ech wëll dass d’Liewensenn, den Doud an d‘Trauer keng Tabu-Theme méi sinn.

Generell sinn ech gär Benevole well ech Benevolat wichteg fannen. Et stellt fir mech d’Basis vun enger humaner Gesellschaft duer. Et ass mir wichteg, fir mech niewent mengem Beruff fir eppes anzesetzen wou mäin Häerz drunhänkt ouni dass ech een direkte Profit dovun hunn.

Wat ech soss nach gär maachen am Liewen:
mat menger Famill a menge Frënn zesumme sinn, an de Kino goen, am Gaart knéchelen, e bësse Sport maachen, reesen, mat menger Kaz um Kannapee leien, …

Wat mech
frou mécht:Annette_2.jpg
bei 25 Grad op der Terrasse leien, Kapp am Schied, Been an der Sonn an ee schéint Buch liesen,
bei 15 Grad a liichtem Reen duerch de Bësch lafen,
no 4 Stonne biergop goen eng wonnerschéi Vue ze hunn.

Ee Buch dat ech mat Begeeschterung gelies hunn:
Homegoing vum Yaa Gyasi

E Kënschtler deem säi Wierk ech genial fannen: 
de Gerhard Richter

Eng Musek déi ech gär lauschteren:
Goldberg-Variationen vum J.S.Bach gespillt vum Francesco Tristano