Changer en langue française Sprache auf Deutsch umstellen
Menu

Mourir en période de COVID-19


Lettre ouverte de Omega 90 à la Ministre de la Santé Paulette Lenert.

(lettre uniquement disponible en langue luxembourgeoise, veuillez lire le document pdf en bas pour plus d'informations)

Madame la Ministre de la Santé,

Am Numm vun Omega 90 géif ech iech gären eng Propositioun ënnerbreeden als Complément zur « Ordonnance du 14 avril 2020 de la Direction de la Santé concernant la gestion de la dépouille mortelle d’une personne décédée de COVID-19 ».

Mir sin am Gaang eis hei am Land exemplaresch duerch dës Kris ze beweegen, mä mir mussen elo och un déi Leit denken déi um Stiewen leien, sief daat elo duerch Covid-19 oder nët. Elo wou mir iwerall genuch Material hun fir eis ze schützen dirfen mir Mënschen um Enn vum Liewen nët méi eleng loossen. Et ass eng Hëlleflosegkeet déi sëch breed mëch, déi mer mat guddem Zourieden nët méi obfänken kënnen.

Mir kréien bei Omega 90 all Daag Telefon’en vun Leit déi hierer Trauer oder Roserei Loft maachen an erzielen, dass hieren Familjemember am Gaang ass, ganz eleng ze stiewen, dass sie nët diefen dohin goen, dass en ze schwaach ass, fir mat hinnen ze skypen an sie hëlleflos doheem sëtzen. Et ruffen och Jugendlecher un déi hier Grousselteren nët méi gesin dierfen. Et huet en Här ungeruff, an der leschter Phas vun sénger Krankheet, deen séng kleng Enkelen, mat denen hien ëmmer vill zesummen war, onbedéngt nach wëll gesin.

Ech kéint iech ganz vill Eenzeschicksaler erzielen.

Mir mussen virsichteg sin, daat ass kloer, mä mir mussen och dëst Mënscherecht respektéiern nët eleng ze stiewen an en Stiewenden dierfen ze begleeden.

An der Annexe fann Dir d’Propos vun Omega 90, wéi mir mat déne verschiddenen Situatioune kinnten emgoen.

An der Hoffnung dass Dir ganz schnell eng Léisung fir dës Leit fannt, wënschen ech iech weiderhin vill Courage an verbleiwen mat Respekt

Nicole Weis-Liefgen
Directrice